All Joers organiséiert de Lëtzebuerger Lions District 113 hei bei eis den Téléthon.
Eng Spendenaktioun zu Gonschte vun deene Leit déi mat seelene Krankheete fir déi et keng Medikamenter gëtt geplot sinn.
Den Téléthon ënnerstëtzt d’Recherche fir nei Medikamenter an d Betreiung vun de Betraffenen duerch d Alan Maladies Rares.
D Ouverture vum Téléthon 2019 war e Freideg 6 en Dezember am Stater Conservatoire am Kader vun engem Gala Concert vun der Little Big Band, hire Solisten an der Sängerin Grace Gnad-Augustin.
Mat Musek vu Glenn Miller,Michel Legrand, Leonard Bernstein aus de 40 er a 50 er Joren.
Bei dëser Geleeënheet hu sech zwou couragéiert Mamme bereet erkläert fir iwwert hir Krankheet respektiv déi vun hire Kanner ze schwätzen.
An d Spezialiste vun der Alan déi si begleeden, hunn dem Publikum Erklärunge gi wat seele Krankheete sinn, wou de Schong dréckt a wei mer all zesumme kënnen hëllefen deene Leit hir Liewenskonditiounen ze verbesseren.
D’Lëtzebuerger Federatioun vum Cinéma d‘Auteur an d Amcis Video asbl. vu Schëffleng hunn dëse Concert an d Explikatiounen iwwert seele Krankheete fir iech opgezeechent.